An der Metrosstatioun "Botanique" hunn sech um Freideg Owend brutal Zeenen ofgespillt wéi en 49 Joer ale Mann vun engem anerem mam Messer attackéiert gouf.

Um Freideg Owend ass en 49 Joer ale Mann mat engem Messer an der Bréisseler Metrosstatioun "Botanique" attackéiert ginn. De Mann gouf liewensgeféierlech blesséiert.

Dozou mécht e Video an de sozialen Netzwierker d'Ronn dee dës brutal Dot weist. Den Täter konnt bis ewell nach net identifizéiert ginn an ass op der Flucht. Weider heescht et, datt de Parquet vu Bréissel eng Enquête wéinst versichte Mord an d'Weeër geleet huet.