Den Alligator Saturne ass um Freideg am Alter vu 84 Joer verstuerwen an huet villes erlieft sou wéi d'Bombardement vu Berlin wärend dem Zweete Weltkrich.

En Alligator deen d'Bombardementer zu Berlin wärend dem Zweete Weltkrich matgemaach huet ass um Freideg am Alter vu 84 Joer am Zoo vu Moskau verstuerwen.

De Saturne, esou de Numm vum Déier, war en Alligator aus dem Mississippi an hat en héijen Alter erreecht esou heescht aus dem Communiqué vum Zoo. Normalerweis ginn Alligatoren tëscht 30 bis 50 Joer al.

Den Alligator ass am Joer 1936 op d'Welt komm a gouf doropshin an de Berliner Zoo transferéiert wou en wärend dem Bombardement vun der Stad um 23. November 1943 geflücht ass.

Am Joer 1946 gouf de Saturne vu britteschen Zaldoten entdeckt an un d'Sowjetunioun zeréckginn. Doropshin hunn d'Rumeuren d'Ronn gemaach, datt den Alligator zu der perséinlecher Kollektioun vum Adolf Hitler gehéiert huet.