An Australien ass d'Corona-App schonn iwwer 6 Millioune Mol erofgeluede ginn. Dës App soll den Tracing vum Virus erlaben a vereinfachen.

An Australien hunn aktuell méi wéi 6 Millioune Mënschen d'Corona-App erofgelueden.

D'Applikatioun ass zënter Enn Abrëll disponibel. Si kann am Fall vun enger Infektioun all déi identifizéieren, déi 15 Minutten oder méi laang an der direkter Ëmgéigend vum Betraffene waren.

De Gesondheetsminister Hunt huet gesot, datt d'App eng wichteg Roll am Ëmgang mat der Pandemie spillt. Och aner Länner hätten Interessi gewisen. D'australesch Regierung hat awer erkläert, datt d'App eréischt wierklech effikass wier wann 40 Prozent vun der Bevëlkerung se notzt.

Dozou misste weider 4 Millioune Mënschen d'Applikatioun eroflueden. A Frankräich soll eng änlech App ab dem 2. Juni disponibel sinn an an Däitschland 2 Woche méi spéit.