Um Samschdeg Owend huet en alkoholiséierte Mann zu Rodange randaléiert wéi d'Awunner vun engem Haus hien net wollten eraloossen.

Um Samschdeg Owend gouf der Police eng Persoun zu Rodange an der route de Luxembourg gemellt, déi randaléiert huet an d'Fënster vun engem Haus ageschloen huet.

D'Beamten hunn sech op d'Plaz gemaach an de Mann konfrontéiert dee sichtlech staark alkoholiséiert war. De Selwechte konnt net richteg stoen a konnt de Beamten net erkläre wat geschitt ass.

D'Ermëttlungen hunn erginn, datt de Mann un der Adress geschellt huet an an d'Haus wollt. D'Hausbewunner hunn den onbekannte Mann net eragelooss wouropshin dëse randaléiert huet.

Wéi d'Polizisten de Mann seng Identitéit opgefuerdert hunn, huet de Mann ëm sech geschloen a huet missen immobiliséiert ginn. E Protokoll gouf ausgestallt an de Mann koum an d'Ausniichterungszell.

Donieft ass an der Nuecht vun e Samschdeg op e Sonndeg enger Policepatrull zu Rodange en Automobilist opgefall well dëse séier ënnerwee war. D'Polizisten hunn den Auto kuerz drop op engem Parking entdeckt. De Chauffer gouf am weidere Verlaf ermëttelt an huet zouginn, datt hie mam Auto gefuer ass, awer kee gültege Führerschäin huet. De Parquet gouf informéiert an den Auto gouf confisquéiert souwéi nach e Protokoll erstallt.