Um Samschdeg Owend ass et zu engem Accident tëscht engem Auto an engem Cyclist zu Beetebuerg komm. Donieft huet d'Police zu Diddeleng Droge saiséiert.

Kuerz no 18:00 um Samschdeg ass en Automobilist vun engem Grondstéck op d'ëffentlech Strooss gefuer woubäi hien éischten Informatiounen no e Cyclist dee vu riets koum duerch heftege Reen net gesinn huet.
De Vëlosfuerer konnt net méi rechtzäiteg bremsen an ass géint d'Bäifuerersäit vum Auto geknuppt an iwwert de Capot op de Buedem gefall. De Cyclist gouf fir weideren Traitement an d'Spidol bruecht.

An der Nuecht op e Sonndeg ass an der rue des Genêts zu Diddeleng enger Patrull en Auto opgefall. D'Beamten hunn d'Persounen aus dem Auto kontrolléiert.
Hei hunn d'Polizisten e staarke séissleche Geroch festgestallt. Op Nofro hunn déi 3 Persounen zouginn a Besëtz vu Marihuana an Haschisch ze sinn an hunn d'Drogen ofginn.

En Drogentest vum Chauffer war positiv wouropshin eng Plainte deposéiert gouf. Donieft war de Selwechte scho wéinst engem Fuerverbuet signaliséiert.