Bei engem Drogen-Experiment huet een 42-järege Mann an Däitschland um Freideg misse festgeholl ginn.

De Mann wollt zu Düren a senger Wunneng ënnert dem Daach ee Cannabiskonzentrat produzéieren, an huet dobäi eng Explosioun verursaacht.
Wéi déi däitsch Police mellt, hätt hien am Buedzëmmer mat Hanf, engem Metallrouer a Feiergaass hantéiert, fir Butan-Haschischueleg zesummenzemëschen. Daachzillen si bis op déi aner Stroossesäit geschleidert ginn, an et huet am ganzen Haus gebrannt. Nach iert d’Pompjeeën op der Plaz waren, haten d'Bewunner d’Feier gréisstendeels selwer geläscht. Et ass kengem eppes geschitt.