Fir den EU Länner aus der finanzieller Kris ze Hëllefen, déi duerch d'Pandemie agetrueden ass, gëtt elo iwwer Hëllefspläng ofgestëmmt.

Den Hëllefsplang vum Angela Merkel a vum Emmanuel Macron gouf vun de 4 Bundesstaaten ofgeleent. Dësen hat virgesinn, dass op de Finanzmäert Kreditter opgeholl kënne ginn, dat am Numm vun der EU. De Fond wier domat op e Volume vu 500 Milliarden Euro erhéicht ginn, a wier virun allem fir EU-Länner geduecht gewiecht, déi am uergste vun der Corona-Kris betraff sinn.

Éisträich, Dänemark, Holland a Schweden hu géint dëse Plang gestëmmt, a fuerderen dergéint eng eemoleg Hëllef, déi op 2 Joer begrenzt ass. Dës soll genee op d'Besoine vun all den eenzele Länner ofgestëmmt ginn, an déngt dozou, virun allem de Gesondheetssecteur an d'Wiertschaft nees opzebauen.

Um Mëttwoch stellt d'EU Kommissioun de Plang vir. 1 Billiounen Euro gi fir d'Hëllefen ugestrieft. Déi 27 EU-Membere mussen averstane sinn. Een EU-Diplomat rechent domat, dass sech d'Debatte bis an de Juli hinzéie kéinten.