Trotz der Corona-Kris goufen si mat engem Boot un eng Küst a Süditalie gefouert. 

Ongeféier 400 Migrante sinn um Sonndeg illegal op enger Küst a Sizilien, Süditalie gelant. Dëst hat d’Noriichtenagence ANSA matgedeelt. Si wiere mat engem Boot wéineg Meter vum Ufer vun enger Plage an der Regioun Agrigent zréckgelooss ginn, iert, d’Boot nees fortgefuer ass. D'Police ass mat Helikopteren am Asaz, fir d'Boot ze fannen.