D'lescht Woch hat de Premier ugekënnegt, dass bei enger gudden Entwécklung vun den Zuelen e weidere Schratt am Deconfinement kéint geholl ginn.

De Méindeg de Moie koum de Regierungsrot beieneen an do goufe weider Moossname geholl, dat am Kader vum Deconfinement. Esou goufen e Méindegowend vum Premier an der Gesondheetsministesch Detailer iwwert déi nächst Phas annoncéiert. Gutt Noriichte ginn et fir den Horesca-Secteur: Restauranten a Caféen dierfen dës Woch schonn opmaachen, dat natierlech ënnert bestëmmte Konditiounen. Ufanks goung hei jo eréischt vum 1. Juni riets.

Wat ass a Restauranten a Caféen erlaabt?

Déi, déi eng Terrass hunn, kënnen dëse Mëttwoch hir Dieren nees opmaachen a Clienten empfänken, déi aner da vun e Freideg un. De Regierungsrot huet verschidde Krittären decidéiert, un déi ee sech am Beräich vun der Gastronomie hale muss. Esou muss tëscht all Dësch en Ofstand vun 1 Meter 50 garantéiert ginn. Ass dat net méiglech, soll Plexiglas d'Dëscher trennen. Maximal dierfe 4 Leit op engem Dësch sëtzen, dat gëllt awer net bei Famillen aus engem an deem nämmlechte Stot.

Famillen dierfen also och zu 5 oder 6 an de Restaurant goen an op engem Dësch sëtzen. Um Dësch selwer gëllt keng Maskeflicht. Mond an Nues mussen awer beim Erakommen an Erausgoen oder fir op d'Toilette bedeckt sinn. An der Gastronomie gëllt vun elo un eng Sëtzflicht, et dierf een also net ronderëm stoen. Fräi Nuechte ginn aktuell net accordéiert, d'Caféen a Restauranten dierfe bis maximal Mëtternuecht ophunn.

Spillplaze bleiwen zou, Fitnesszentere ginn op

Rassemblementer vun iwwer 20 bei Zeremonie ginn erlaabt. Dozou zielen Hochzäiten, Begriefnesser an zivil a reliéis Akten. Eng "Feier" zielt net dozou. Kinoen dierfen nees opmaachen, esou ginn och Gottesdéngschter vun e Freideg un erlaabt. Allgemeng gëllt: Evenementer, wou fest Plaze sinn, dierfen organiséiert ginn. Fir verschiddener muss am Virfeld reservéiert ginn respektiv et muss ee sech umellen, bei anere kritt een d'Plazen zougewisen.

Spillplaze bleiwen zou, well d'Gestes barrières bei Kanner méi schwéier sinn fir anzehalen. Theateren an och Fitnesszenteren dierfen nees opmaachen, Wellness-Beräicher bleiwen awer zou. Dozou gehéieren zum Beispill Sauna an Hammam. Schwämmen dierfe prinzipiell nees opmaachen. Wéi d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert awer sot, mussen hei nach Konzepter ausgeschafft ginn. Net all Schwämm wäert kënnen opmaachen.

Weider Eegeverantwortung a Social Distancing

Wou ee wéini seng Mask muss unhunn, hänkt dovunner of, ob d'Distanz vun zwee Meter kann agehale ginn. Geet een an de Kino, den Theater oder an d'Kierch, muss een eng Mask unhunn, wann den Ofstand net garantéiert ka ginn, esou wéi dat elo schonn de Fall ass. Donieft ginn d'Sportshalen och nees op an et gëllen hei déi nämmlecht Konditioune wéi beim Sport dobaussen. Kierperleche Kontakt bleift verbueden an et muss ee sech un d'Hygiènesvirschrëften halen.

Nach ëmmer muss ee sech un déi gängeg Reegelen halen, et setzt een nach ëmmer op d'Eegeverantwortung. Dass d'Zuele weider erof ginn, géif weisen, datt d'Mesurë bis ewell richteg waren. Et muss ee sech awer ebe weider un d'Reegelen halen. Esou wäert d'Police och weider kontrolléieren. Doheem dierf ee maximalen nach ëmmer 6 Leit vu baussen invitéieren. Am ëffentleche Raum bleift ee bei maximal 20 Leit.