Nëmme kuerz huet d'Äerdbiewen den Interview ënnerbrach. Ma déi neiséilännesch Premierministesch ass cool bliwwen.

E Live-Interview mat der neiséilännescher Premierministesch Jacinda Ardern ass de Méindeg kuerz virun 8.00 Auer Lokalzäit vun engem Äerdbiewe gestéiert ginn. D'Biewe vun enger Stäerk vu 5,6 huet déi neiséilännesch Nordinsel duerchgerëselt. D'Premierministesch huet zu deem Moment en Interview via Videokonferenz ginn, wéi si op eemol dem Moderator sot, dass ee grad en uerdentlecht Biewen hätt.

Um Video ass ze gesinn, wéi d'Kamera an och d'Saache ronderëm wackelen. Kuerz drop war d'Biewen eriwwer an d'Premierministesch huet den Interview weidergefouert.