Wéi d'CFL matgedeelt huet muss ee wéinst technesche Problemer op der Stater Gare mat Verspéidungen an Annulatiounen am Zuchverkéier rechnen.

Wéinst engem technesche Problem op der Stater Gare gouf den Zuchverkéier op verschidde Linnen adaptéiert. Et muss een also plazeweis mat Verspéidungen an Annulatioune rechnen. Op der Linn 70 sinn d’Zich a béid Richtungen op der Hollerecher Gare limitéiert. Aus deem Grond sinn Ersatzbusser tëscht der Stad an Hollerech agesat ginn. Op der Linn 10, sinn d’Zich Lëtzebuerg-Léck a Léck-Lëtzebuerg op der Dummeldenger Gare limitéiert. Eng Busverbindung gëtt et och a béide Richtungen. Eréischt vun e Méindeg 14h00 un missten déi 2 Linnen erëm normal funktionéieren. Op der Linn 50 (Lëtzebuerg – Klengbetten) kann een de normalen Zuchverkéier erëm fir e Dënschdeg de Moien erwaarden.

Wéinst engem weideren technesche Problem op der Héicht vun Ettelbréck war den Zuchverkéier tëscht Ettelbréck an Dikrech op der Linn 10 a béid Richtungen agestallt ginn. Wéi d'CFL géint 16 Auer 10 matgedeelt huet, ass d'Perturbatioun eriwwer an d'Zirkulatioun vun den Zich wäert nees lues a lues opgeholl ginn.

Hei de Communiqué:

En raison d’une cause technique impliquant l’infrastructure en Gare de Luxembourg, la circulation des trains est adaptée sur plusieurs lignes. Des retards et suppressions sont à prévoir. Pour la ligne 70, les trains en provenance et au départ de Longwy sont limités en gare de Hollerich. Pour assurer le bon acheminement des voyageurs entre Luxembourg et Hollerich, dans les deux sens, les CFL ont mis en place un service de bus de substitution. Pour la ligne 10, les trains IC de et vers Liège sont limités en gare de Dommeldange. Une correspondance pour ces trains IC est assurée entre Dommeldange et Luxembourg Gare, dans les deux sens. Une reprise normale de la circulation des trains sur les lignes 70 et 10 est attendue pour 14h00 ce lundi 25 mai 2020. Des retards et suppressions sont à prévoir sur la ligne 50 (Luxembourg – Kleinbettingen). Une reprise du trafic selon horaire, sur la ligne 50, est attendue pour demain 26 mai 2020, en matinée. Les CFL prient d’excuser les désagréments causés. Pour plus d’informations concernant les alternatives et horaires de circulation, les voyageurs sont invités à consulter l’application CFL mobile ou le site www.cfl.lu