Wéi de CGDIS mellt goufen e Méindeg zwee Vëlosfuerer vun Autoen ugestouss a verwonnt.

De CGDIS mellt zwee Accidenter an deene Cycliste verwéckelt goufen. E Méindeg de Moie gouf kuerz no 8h00 e Cyclist an der Stad an der Rue Bender ugestouss a gouf blesséiert. 10 Minutte méi spéit gouf e weidere Vëlosfuerer an der Stad um Boulevard de Verdun vun engem Auto ugestouss a verwonnt.