Dës goufe jo speziell fir Covid-19-Tester ze maachen ageriicht. Zënter dësem Méindeg sinn se zou.

Vun dësem Méindeg u sinn d'Drive-In-Statioune vun de Laboratoires Réunis zou. D'Statioune waren zu Maarnech, Jonglënster a Käerjeng. Hei konnt ee sech jo op de Coronavirus teste loossen. Vun elo u kann een dat an de Prisen-Zentren am ganze Land maachen.