"Eng dramatesch Verschlechterung" - esou huet de Finanzminister d'Zuele vun de Staatsfinanzen fir déi éischt 4 Méint presentéiert.

An den éischten 3 Méint vun 2020 huet sech d'Coronakris an der Evolutioun vun den Depensen a Recettë lues a lues bemierkbar gemaach. Am Verglach mat der nämmlechter Period vu virun engem Joer sinn d'Recetten ëm 0,8% erofgaangen, d'Depensë sinn ëm 19,4% geklommen. Dat sinn d'Zuelen, déi de Finanzminister Pierre Gramegna dëse Méindeg an der Chamber presentéiert huet.

Am Abrëll sinn d'Recetten dunn ëm 8,4% agebrach, d'Depensë sinn ëm 28,5% geklommen. Dat geet virun allem op d'Hëllefe fir d'Wirtschaft zeréck. Bei der Douane huet sech d'Kris iwwerdeems besonnesch staark gewisen. Esou ass de Verkaf vu Bensin an Diesel massiv agebrach, dat ëm 19, respektiv 22%.

Allgemeng geet vun engem Defizit vun 1,6 Milliarden Euro riets. De Finanzministère geet vun enger Rezessioun vu 5 bis 6% fir 2020 aus, déi negativ Konsequenze wäerte sech souguer bis 2021 zéien.