Infektiounsketten detektéieren a se briechen, dat ass jo d'Zil vun der Test-Strategie zu Lëtzebuerg. Dozou goufen et elo weider Detailer. 

2% vun der Lëtzebuerger Bevëlkerung weisen eng Immunitéit géint de Covid-19 op. Dëst an aner Detailer goufen en Dënschdeg an der zoustänneger Chamberskommissioun matgedeelt. Eng sougenannten Häerdenimmunitéit géif net zu der Test-Strategie vu Lëtzebuerg gehéieren. Dofir misste 70% vun de Leit mam Virus a Kontakt gewiescht sinn.

De Grand-Duché huet elo Modeller, déi ausschliisslech op lëtzebuergeschen Donnéeë baséieren. Weider Simulatioune sinn an der Maach. Esou wëll een nach méi iwwert d'Ausbreedung vum Virus gewuer ginn.

De Minister Claude Meisch huet preziséiert, datt d'Testen an de Schoule wuel méi sënnvoll ass, wann een d'Schüler méi spéit nach eemol teste géif. Déi lescht Tester hätte gewisen, datt bal kee sech mam Virus infizéiert hat.