En Dënschdeg gouf an engem Vëlosbuttek e Coursevëlo matgoe gelooss. De Mann huet en aus der Vitrinn geholl an ass domat geflücht.

Kuerz no Mëtteg koum et zu engem Déifstall an engem Geschäft zu Bartreng an der Route de Longwy. E Mann hat sech am Vëlosbuttek ëmgekuckt. Op eemol huet hien aus der Vitrinn e Vëlo vun engem Podest geklaut an ass duerch den Noutausgang geflücht. Wéi d'Police schreift handelt et sech ëm e wäisse Coursevëlo vun der Mark Specialized S-Works Venge (Gr. 56). Pedalle ware keng montéiert.

Bartringen : Dreister Fahrraddiebstahl in Geschäft

Kurz nach Mittag betrat ein Mann ein Fahrradgeschäft in der route de Longy und schaute sich einige Zeit um. Alsdann griff er sich plötzlich aus einer Vitrine ein Fahrrad welches sich auf einem Podest befand und flüchtet samt Fahrrad durch den Notausausgang. Hierbei handelt es sich um ein Rennrad der Marke Specialized S-Works Venge (Gr.56) von weißer Farbe. Am Rad befanden sich Reifen mit einer auffälligen gelben Umrandung, Pedale waren keine montiert.