En Dënschdeg de Moie krute sech e Vëlosfuerer an e Motocyclist ze paken. Béid sinn an d'Spidol ageliwwert ginn.

Géint 8 Auer 40 koum et zu enger Kollisioun tëscht engem Vëlosfuerer an engem Motocyclist. De Vëlosfuerer war vu Wecker a Richtung Biwer ënnerwee a wollt vun der Haaptstrooss no lénks a Richtung Haastert ofbéien. Dee Moment hat e Motorradsfuerer op där Plaz ugesat ze iwwerhuelen a béid Gefierer krute sech ze paken. Béid Chauffere si gefall an hu sech blesséiert. Si koume fir eng Behandlung an d'Spidol.