Wie vu Lëtzebuerg an Däitschland eriwwer gefuer ass, huet wärend de Grenzkontrollen eng Partie perséinlech Donnéeë missten uginn.

Wéi et de Finanzminister dësen Dënschdeg op eng parlamentaresch Fro geäntwert huet, huet Lëtzebuerg tëscht dem 20. Mäerz a 17. Abrëll Donnéeë vun iwwer 4.700 Chauffere gesammelt, déi eriwwer an Däitschland wollten. Nom 17. Abrëll goufen du just nach d'Donnéeë vu Chauffere gesammelt, déi net an Däitschland areesen duerften.

Wéi de Pierre Gramegna erkläert ass dat vun der Douanesverwaltung duerchgefouert ginn. Vu 4.717 kontrolléierte Chaufferen duerften 118 Persounen net an Däitschland areesen. Wéi et vum Minister weider heescht, hätt just d'Douane Zougrëff op dës Donnéeën. Wéi et an enger weider parlamentarescher Äntwert heescht, goufen dës Donnéeën den 20. Mee zerstéiert.