Wéi ass d'Populatioun geschützt, wann et zu engem Atomaccident kënnt? En entspriechend Gesetz gouf en Dënschdeg an der Chamber ugeholl.

Eng Haftflicht bei nuklearen Accidenter, dee Gesetzprojet hunn den Dënschdeg d'Deputéiert an der Chamber mat 56 Jo- a 4 Nee-Stëmmen ugeholl. Den Energieminister Claude Turmes huet dann och gëschter vun engem „historesche Moment“ geschwat.

Juristesch Méiglechkeeten erhéicht

Haaptzil ass et jo, dass Lëtzebuerger Awunner méi Méiglechkeete solle kréien, fir am Fall vun engem nuklearen Accident an den Auswierkungen, déi dat huet ze kloen. Esou solle Lëtzebuerger Awunner bei engem nuklearen Accident, deen Auswierkungen op eist Land huet, kënnen ouni international Begrenzungen nach 30 Joer nom Accident virun engem Lëtzebuerger Geriicht kënne kloen. Déi juristesch Méiglechkeete ginn also hei erhéicht, ma et ass och en Zeechen an d'Richtung vun de Bedreiwer, dat huet de Rapporter vum Gesetzprojet, de François Benoy kloer gestallt.

De Rapporter François Benoy:

Finanzielle Risiko erhéijen

Mam Gesetz soll also de Bedreiwer kloer gemaach ginn, wat am Fall vun engem Accident op déi kéint duerkommen.

Dobäi geet et jo och drëms, dass sech Regierungen eventuell Verlängerunge vun Atomzentralen zweemol iwwerleeën.

Virun allem déi zwou a Frankräich an déi eng aner Belsch, déi net wäit ewech vun der Lëtzebuerger Grenz leien. Hei mussen nämlech duerch d'Gesetz komplett nei Haftungszommen mat agerechent ginn. Fir d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg ass et iwwerdeems awer net nëmmen eng Haftungssaach ma och e staark Signal no baussen.

D'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg:

Luef awer och Kritik

Mam Gesetz wëllt een also och de Standpunkt vu Lëtzebuerg kloer maachen, dass d'Atomenergie keng Zukunft huet. Natierlech goufen et awer och kritesch Stëmmen, sief et zum Stroumverbrauch zu Lëtzebuerg, deen nach ëmmer deelweis duerch Atomenergie gedeckt gëtt, sief et zu den Endlageren, op déi jo och Lëtzebuerg wéinst senge radioaktiven Offäll virun allem aus der Medezin ugewisen ass.

An an där Hisiicht huet d'Ëmweltministesch betount, dass nom klengen diplomateschen Tëschefall mat der Belsch een d'Fro vun den Endlager elo zesumme wéilt ugoen.