Vun de Mëttwoch u kann een d'Wieder erëm op enger vun de sëllechen Terrasse vun de Caféen a Restaurante genéissen.

Vun de Mëttwoch u kënnen d'Restauranten a Caféen, déi eng Terrass hunn erëm lassleeën. Fir all déi, déi keng Terrass hunn, geet et awer eréischt de Freideg lass. Et ass jo esou, dass hei eng Rëtsch Reegele mussen agehale ginn.

Distanz tëscht den Dëscher

Esou muss tëscht all Dësch annerhallwe Meter Distanz sinn an et dierfen och nëmme 4 Persounen um Dësch sëtzen, ausser et handelt sech ëm Persounen aus deem selwechte Stot. Kann eng Distanz tëscht den Dëscher net agehale ginn, da muss eng Schutzwand aus Plexiglas oder soss engem Material d'Dëscher oftrennen.

Keng Mask um Dësch

An da muss een och sëtzen an eng Mask unhunn, wann een sech duerch de Raum beweegt, z.B. fir op d'Toilette oder fir an de Restaurant eran oder eraus. De Comptoir ass tabu.

Keng fräi Nuecht

D'Personal muss iwwerdeems permanent eng Mask unhunn. A weider dierfen d'Lokaler och nëmme bis Mëtternuecht op hunn. Eng fräi Nuecht gëtt deemno net accordéiert.