Och Concertssäll dierfe vun e Freideg un nees Public empfänken, dat ënnert strenge Sécherheetsmesuren.

Nieft Kino an Theater dierfen och d'Concertssäll am Land e Freideg hir Dieren nees opmaachen. Dat huet Kulturministesch Sam Tanson e Mëttwoch virun der Press matgedeelt. Am Virfeld muss ee seng Plaze reservéieren, et besteet eng Sëtzflicht grad wéi Maskeflicht, wann d'Distanz net agehale ka ginn. Maske sinn och obligatoresch, wann ee sech beweegt.

Wann ee sëtzt, ass dat net de Fall. Wunnt een an ënnerschiddleche Stiet, muss eng Distanz aehale ginn. Nieft dëser Annonce ass d'Ministesch och op d'finanziell Ënnerstëtzung fir déi Betraffen aus dem Secteur agaangen. 12.200 Leit schaffen an der Kulturzeen, dat entsprécht 5,3% vun den Aarbechtsplazen zu Lëtzebuerg. Esou goufe 5 Milliounen Euro un Hëllefen ugekënnegt.

Bis ewell goufe schonn 1,2 Milliounen Euro bereet gestallt. Et war och den Opruff, datt grad dëse Secteur d'Sécherheetsmesurë méi kreativ ëmsetzt. Wéini nees eenzel Events, sief dat Concerten oder soss Spektakelen, organiséiert ginn, ass nach net gewosst. Déi grouss Evenementer bleiwen awer bis op d'mannst den 31. Juli nach verbueden.