Wéi et e Mëttwoch vun Europol heescht gouf e Mann mat Hëllef vun der italienescher Police wéinst sexuellem Mëssbrauch vun engem klenge Meedchen festgeholl.

Europol an déi italienesch Police hunn zesummen e Mann festgeholl dee Kanner sexuell mëssbraucht huet. Wéi et heescht wiere Videoen um Darknet opgedaucht an deenen den 30-Järegen e klengt Meedche sexuell mësshandelt huet. Déi italienesch Police huet méi spéit de Mann am Norde vun Italien erëmfonnt. Spezialisten aus Australien, Dänemark, Frankräich a Kanada hunn matgehollef fir de Verdächtegen z’identifizéieren. Wéi d’Police seng Wunneng duerchsicht hunn goufe Beweiser fonnt ënner anerem Videoen a Fotoen. Dat klengt Meedche gouf och identifizéiert an a Sécherheet bruecht.