D'Ministesch fir Chancëgläichheet Taina Bofferding huet d'Zuele vun 2019 am Kader vun haislecher Gewalt an der Chamber virgestallt.

Am Laf vum Joer 2019 ass d’Police 849 mol wéinst haislecher Gewalt intervenéiert. Dat ass eng Hausse vun 110 Fäll am Verglach zu 2018. Op Uerder vum Parquet goufen 265 Persounen expulséiert. Pro Mount goufen et am Duerchschnëtt 70,5 Interventiounen an 22 Expulsiounen.

D’Zuel vun de männlechen a weiblechen Affer ass op 1337 geklommen. 63 % vun den Affer si Fraen. Am ganze goufen 1692 Dossiere vun haislecher Gewalt vum Parquet traitéiert.

Dës Zuele goufe vun der Ministesch fir Chancëgläichheet Taina Bofferding an der Chamber virgestallt. An deem Kader kéint et zu enger Reform vum Gesetz kommen.