Justiz-Daten, déi engem Journalist op engem USB-Stick an d'Hänn gefall sinn, stame vun 2015 a ware wuel net all ze sensibel, esou e Vertrieder vum Parquet.

„Wann et d'Zil war ze schueden, da ginn et vill méi sensibel Donnéeën, wéi déi, déi eis op dësem USB-Stick iwwergi goufen“, dat sot en héich placéierte Member vum Parquet an der Affär ronderëm eng Fuite vun Donnéeën. Deemno hat jo e Journalist dem Presseservice vun de Justizautoritéiten en USB-Stick mat net ëffentlechen Donnéeë vun der Justiz iwwerginn.

Et geet een dovun aus, dass dës vun engem Employée, deen 2015 opgehalen huet do ze schaffen, erofgeluede goufen. Wéi de Stick an d'Hänn vum Journalist komm ass ass awer net gewosst.

Wéi et weider heescht wieren et awer al Donnéeën an d'Norme wieren an der Tëschenzäit anerer. En Transfert ouni Spuren ze hannerloosse wier deemno haut net méi méiglech.