Och a Coronazäiten dierfen auslännesch Poliziste keng Lëtzebuerger Awunner op Lëtzebuerger Territoire kontrolléieren oder verbaliséieren.

De Code op deen sech d'Belsch bezunn huet fir Grenzkontrollen am Schengenraum ze maache liwwert keng legal Basis fir Kontrollen an engem anere Memberland ze maachen, dat äntweren déi responsabel Ministeren op eng parlamentaresch Fro vun den Deputéierte Bauler a Graas.

Déi Kontrollen am „Parc Fenderie“ bei Rëmeleng wiere legal gewiescht, well dësen a Frankräich läit. Déi Belsch Police hätt iwwerdeems kee Recht fir Lëtzebuerger Bierger op Lëtzebuerger Territoire ze kontrolléieren oder ze verbaliséieren.