Zu Lëtzebuerg goufen et däitlech manner Accidenter am Mäerz an am Abrëll. Mam Deconfinement klëmmt d'Zuel awer erëm.

A villen Deeler vun der Welt ass de Verkéier wéinst der Corona-Pandemie däitlech agebrach. Net anescht war et zu Lëtzebuerg, wou jo eng Rëtsch Grenzen zou waren, anerer kontrolléiert gi sinn an et gegëllt huet doheem ze bleiwen. A manner Verkéier heescht jo och logescherweis manner Accidenter kéint ee mengen.

Däitlechen Ënnerscheed am Verglach mat 2019
Offiziell Zuele fir dëst Joer ginn et nach keng, ma effektiv konnt d'Police schonn en Trend ausmaachen. Esou ass d'Zuel vun de Verkéiersaccidenter allgemeng an de leschte Méint staark zeréckgaangen. An dëst ebe well de Verkéier zanter Mëtt Mäerz däitlech erof gaangen ass.
Dat schléit sech jo och gutt siichtbar an den Zuelen nidder, wann een dëst Joer mam leschte Joer vergläicht.

Huele mir de Mäerz 2019, do goufen et ronn 1'250 Accidenter, am Mäerz dëst Joer goufen der nëmmen zirka 730 gezielt. Nach méi drastesch ass den Ënnerscheed am Abrëll, do waren et der d'lescht Joer ongeféier 1'130 an dëst Joer „nëmmen“ nach knapp ënner 400.

Zuel vu Verkéiersaccidenter klëmmt erëm am Mee
Elo ass jo villes erëm op, dat allgemengt Confinement ass opgehuewen an och de Verkéier klëmmt erëm, dat konnt ee jo dës Woch scho gesinn, wéi vill lass war an dat huet jo och erëm direkt zu Accidenter gefouert. An dëst stellt een och bei der Police fest, d'Zuele vun den Accidenter sinn erëm am Mee geklommen.

Ma trotzdeem leien d'Zuelen nach däitlech ënnert deene vum leschte Joer. Bis den Dënschdeg waren et ronn 550 Accidenter, de Mee 2019 waren et der awer iwwer dat Duebelt also ongeféier 1'200.

Och aner Grënn kënnen zur Entwécklung bäidroen
D'Aschränkunge wéinst der Pandemie sinn natierlech wuel den Haaptgrond fir dës Entwécklung, mä et kéinten och nach anerer ginn.
Z.B. wat d'Weider an d'Verhältnisser op de Stroossen ugeet. Do geet et duer, dass d'lescht Joer am Verglach mat dësem Joer nach méi Schnéi gefall ass oder d'Stroosse méi dacks glat waren a scho sinn d'Zuele ganz anerer.

An d'Kategorie „Accident“ ass och relativ wäit gestreet. Dat kann och eng Schréips oder eng kleng Téitsch sinn.