Den Haaptakzent vun den Upassunge vun de Betriber soll op der Digitalisatioun an der Nohaltegkeet leien.

Mat Fit for Resilience hätt de Wirtschaftsministère e Programm geschaaft, deen de Betriber zu Lëtzebuerg dobäi hëllefe soll fir an Zukunft méi resistent géigeniwwer Krisen ze sinn. Dat sot de Wirtschaftsminister Franz Fayot de Donneschdeg de Moien am Kader vun enger Pressekonferenz. Zil vun dësem Programm wier et d'Betriber dobäi ze ënnerstëtzen erauszefanne wat hir Stäerkten a Schwäche sinn a wéi si sech an Zukunft strategesch kënnen opstellen. De Programm besteet aus 2 konkrete Schrëtt:

An engem éischte Schratt géing een de Betriber dobäi hëllefen eng Analys ze maache fir erauszefannen, wéi si vun der Kris betraff waren a wéi eng Lektiounen si doraus zéie kënnen. Fir dës Analys ze maache stellt Luxinnovation de Betriber een externe Beroder zur Verfügung. Dëse wäert zur Hallschent vum Wirtschaftsministère bezuelt ginn.

Nodeems d'Analys duerchgefouert gouf, wëllen de Wirtschaftsministère a Luxinnovation zesumme mat de jeeweilege Betriber Proposen ausschaffe fir dass dës sech kënnen anescht oder ganz nei opstellen.

Den Haaptakzent vun den Upassunge vun de Betriber soll op der Digitalisatioun an der Nohaltegkeet leien. Dëst wieren zwee wichteg Piliere vun der Lëtzebuerger Wirtschaftspolitik. D'Kris vum Coronavirus hätt engersäits de Rôle vun der Digitalisatioun an der Aarbechtswelt gestäerkt andeems kloer gouf, dass d' Teleaarbecht op grousser Eechele fonctionéiere géif. Anerersäits wier wärend der Kris kloer ginn, dass ee verstäerkt op europäesch a national Produktioun setze misst.

Betriber déi um Programm deelhuele wëlle kënnen sech bis den 31. Dezember online umellen.

Hei kënnt dir d'Pressekonferenz nach eng Kéier ganz kucken: