D'Zuel vun de Kanner déi weltwäit an Aarmut liewe kéint bis Enn des Joers op 672 Millioune klammen.

Wéinst de Folge vun der COVID-19 Pandemie kéint d'Zuel vun de Kanner déi weltwäit an Aarmut liewen ëm 86 Millioune klammen. Dat wier eng Hausse vu 15 Prozent. Zu dëser Konklusioun kommen d'UNICEF a "Save the Children" an enger gemeinsamer Analyse. Wéinst de wirtschaftleche Folge vun der Pandemie géing sech engersäits déi finanziell Situatioun vun den äermste Famille verschlechteren an zum anere géingen déi néideg Sue fir staatlech sozial Ënnerstëtzunge feelen. An de Länner mat mëttleren an nidderegen Akommes kéinten doduerch bis Enn des Joers insgesamt 672 Millioune Kanner ënnert der jeeweileger nationaler Aarmutsgrenz liewen. Ronn zwee Drëttel vun dëse Kanner liewen an Afrika an a Südasien. Am stäerkste klamme kéint d'Kanneraarmut mat 44 Prozent an Europa an an Zentralasien.

D'Folge vun der Kanneraarmut wiere béiden Organisatiounen no gravéierend. Kanner déi wéinst engem Manktem u Suen un Honger leiden, géifen dauerhaft Schied dovun droen. Béid Organisatioune ruffen dozou op séier a konsequent ze handelen. Nëmmen esou kéint d'Gefor déi duerch d'Pandemie fir déi äermste Länner an déi meescht benodeelegt Kanner entstoe géifen ofgeschwächt ginn.