Research Luxembourg an d'Covid-19-Task-Force hunn dësen Donneschdeg eng weider Pressekonferenz ginn.

Et goufen zousätzlech Modeller a Simulatioune fir Lëtzebuerg ausgeschafft. Fir eng zweet Well ze verhënneren ass et essentiell, sech un déi sozial Distanzéierung ze halen, esou déi Responsabel. Och kann d'Testen an d'Zeréckverfollege vu Kontakter vun Infizéierten eng zweet Well ënnerdrécken. D'Fuerscher hunn erkläert, datt een am internationale Verglach en héijen Infektiounstaux pro 100.000 Awunner hätt.

Aktuell wieren nach gutt 102 Infektiounen zu Lëtzebuerg aktiv. Modeller weisen, wat geschéie géif, wann een nees alles géif opmaachen, dat ouni déi néideg Sécherheetsmesuren. D'Zuele géifen nees klammen an de Gesondheetssecteur wier séier iwwerfuerdert. Déi maximal Kapassitéit un Intensivbetter läit jo bei 90, dës Zuel kéint deemno iwwerschratt ginn.

Iwwerdeems hu bis ewell 2,6% vun der Populatioun Antikierper géint de Coronavirus entwéckelt. Dat ass eent vun den éischte Resultater vun der CON-VINCE-Etüd. Wisou ee keng grouss Antikierper-Tester mécht? De Paul Wilmes, Pressespriecher vun der Covid-19-Task-Force:

De Paul Wilmes vun der Task Force

Weidert Resultat ass, dass de Moment 402 Leit infizéiert sinn, ouni et ze wëssen. Dat hätten Héichrechnungen erginn, esou d'Fuerscher. D'Test-Strategie zu Lëtzebuerg wëll dës Persoune fannen, déi keng Symptomer weisen. Esou sollen Infektiounsketten duerchbriechen an dës Leit isoléiert ginn.

Am Kader vun der CORONASTEPS-Etüd gouf de Virus och am Ofwaasser nogewisen, dat de 25. Februar. Den 29. Februar gouf déi éischt Infektioun bei engem Mënsch nogewisen. Am Ganze ginn zënter dem Optauche vum Virus 7 Kläranlagen an d'Ofwaasserkanäl vu Spideeler reegelméisseg ënnersicht.

Kuckt hei déi ganz Pressekonferenz am Replay: