Well de Mann psychesch duerchernee war, gouf hie fir eng Ënnersichung an d'Spidol bruecht.

Géint 10 Auer de Mëttwoch Owend krut eng Patrull vun der Police gemellt, dass eng Persoun Glieser a Fläschen aus der Fënster vun engem Hotel an der Rue Notre Dame an der Stad geheit hätt. Op der Plaz hunn d'Beamten dunn festgestallt, dass eng Fënster vum Hotel opstoung an dass Schierbelen um Trottoir ënnert der Fënster louchen. Well zu dësem Zäitpunkt nach net kloer war, ob d'Persoun déi d'Géigestänn erausgehäit hat nach am Hotelszëmmer wier, hunn d'Beamten d'Plaz provisoresch ofgerigelt fir ze verhënneren, dass Passante géife blesséiert oder Autoe géife beschiedegt ginn.

Ewéi d'Beamte wéinst der Affär am Hotel nogefrot hunn, kruten si gesot, dass di verdächteg Persoun grad zu Fouss ënnerwee zeréck an den Hotel wier. Ewéi si de Mann zu Ried gestallt hunn, huet sech erausgestallt, dass dëse sichtlech psychesch duerchernee war. Hie gouf fir eng Ënnersichung an d'Spidol bruecht. De Parquet gouf iwwert den Tëschefall informéiert.

Iwwerdeems hat d'Police et en Donneschde mat engem Fall vun Alkohol um Steier ze dinn:

Géint Mëtternuecht krut d'Police en Auto gemellt deen zu Diddeleng wéinst dem Fuerstil vu sengem Chauffer opgefall war. Kuerz dorop huet eng Patrull den Auto op enger Bushaltestell an der Liberatiounsstrooss fonnt. En Alkoholtest dee bei Chauffer gemaach gouf war positiv. D'Beamten hunn e Fuerverbuet géint de Mann ausgeschwat an eng Plainte gemaach.