Op enger Tankstell an der Rue de Beggen an der Stad hat eng Mataarbechterin e Mëttwoch géint 15 Auer eng Fra beim Klauen erwëscht.

D'Déiwin huet der Mataarbechterin eng mat der flaacher Hand an d'Gesicht ginn an ass mat zwou Béier-Dousen an a Begleedung vun engem Mann geflücht. D'Ermëttlunge lafen. D'Police huet e Rappell gemaach, wat een an esou engem Fall maache soll.

Fir sech selwer net a Gefor ze bréngen, sollt ee bei engem Déifstall nëmmen agräifen, wann ee entspriechend ausgebilt ginn ass. De Virfall soll direkt der Police gemellt ginn. Hëllefräich fir d'Ermëttlungen ass eng detailléiert Täterbeschreiwung, a wéi eng Richtung an ob d'Täter mat engem Auto geflücht sinn.