Zënter dem 25. Mee befënnt sech Spuenien an der 3. Phas vum Deconfinement. Den Datum, wéini auslännesch Touristen nees an d'Land dierfen, steet och fest.

Wéi de spueneschen Tourismusbüro fir Lëtzebuerg an d'Belsch dësen Donneschdeg matgedeelt huet, wier Spuenien prett, vum 1. Juli un nees auslännesch Touristen ze empfänken. Et muss ee sech natierlech u streng Mesuren halen, ma wéi et am Communiqué haut heescht, kéint ee seng Reesen elo nees plangen.

D'Plagë wieren nees accessibel, dat awer ënnert anerem op Rendezvous a mam néidegen Ofstand. Déi meescht Commercë wéi Restauranten, Caféen, Kinoen an Hoteller huelen hir Aktivitéiten deels nees op.