Am CHdN zu Ettelbréck grad wéi an den Hôpitaux Robert Schuman si Visitten nees méiglech.

Wéi de Centre hospitalier du Nord zu Ettelbréck matgedeelt huet, si vun dësem Donneschdeg un nees Visitten erlaabt. Tëscht 3 Auer mëttes a 7 Auer owes dierfe Patiente fir maximal eng Stonn den Dag Besuch vun enger Persoun kréien.

Fir den Infektiounsrisk kleng ze halen, gëlle weiderhi streng Hygiènesvirschrëften. Esou gëllt zum Beispill weider eng Maskeflicht, et muss ee sech un d'Hygiènesreegele vum Etablissement halen.

Fir d'Hôpitaux Robert Schuman gëllt dat nämmlecht, och hei si Visitten nees méiglech. Pro Dag kënnen am Ganzen 2 Visiteuren an d'Spidol kommen, dat awer net zesummen. Pro Besuch ass maximal eng Stonn erlaabt.

Och hei gëlle streng Moossnamen, wéi een an engem Communiqué dësen Donneschdeg matgedeelt huet. Wann een erakënnt muss ee sech d'Hänn desinfizéieren, wann ee krank ass sollt een op d'Visitt verzichten.