D'Lëtzebuerger Airline hat jo eng wichteg Roll wärend der Kris gespillt, ë.a. Wat d'Rapatriement vun EU-Bierger ugeet.

D'Luxair féiert vun de Freideg un erëm zivil Flich duerch. Zanter dem 24. Mäerz waren d'Fligeren um Buedem bliwwen ausser fir Leit ze rapatriéiere respektiv fir d'Personal an d'Maschinne prett ze halen.  Vum 29. Mee u geet et dann op Stockholm, Hamburg a München. Vum 30. Mee un och op Porto a Lissabon. De Sonndeg start dann och deen éischte Fluch fir eng LuxairTours-Vakanz op Faro a Portugal.

Fir dass dat awer iwwerhaapt erëm méiglech ass, huet d'Airline vill Mesurë missten ëmsetzen, déi eng vun der Agence fir Fluchsécherheet vun der EU, déi aner vun der WHO an et ass een nach e bësse méi wäit gaangen, esou d'Luxair.

Mask ass um Fluchhafen an am Fliger Flicht
Et geet schonn um Fluchhafen un. Eng Mask ass natierlech Flicht, och am Fliger a well alles e bësse méi laang wäert daueren sollt ee méi Zäit wéi soss aplangen. D'Weeër am Check-In- a Sécherheetsberäich sinn donieft gezeechent.
Et sollt een sech jo dann och schonn iwwer d'Bestëmmungen informéieren, déi an deem Land gëllen an dat een hi wëllt. Ma u Bord gëtt dat och nach emol gemaach, esou, dass duerno kee ka soen: „ Dat wousst ech net.“

Bannent dem Fliger gëtt alles mat ëmweltfrëndleche Chemikalien desinfizéiert, och d'Fënsteren, d'Sëtzer, d'Gurter an natierlech d'Toilette. Et muss een d'Mask jo och am Fliger un hunn, ma trotzdeem stellt sech d'Fro no der Loft am Fliger.

Loft gëtt permanent gefiltert
Dës ass méi propper wéi déi dobaussen, se gëtt permanent gefiltert an all 3 Minutten ass esou d'Loft am Fliger eemol ausgetosch ginn. Sollt et en Infektiounsfall bei engem Passagéier ginn, da gëtt déi ganz Kabinn zousätzlech zur normaler Desinfektioun nach méi grëndlech gebotzt a mat Desinfektiounsmëttel ausgereechert.

U Bord ginn Dicher a Mëttel fir d'Hänn ze desinfizéiere verdeelt, eegener sinn net erlaabt, well se mat de scho benotzte Chemikalie kéinten interagéieren a villäicht d'Surfacë kéinte beschiedegen.

Crew gouf speziell geschoult
D'Personal u Bord kann och decidéieren, dass een eng vun de Masken, déi u Bord op Stock sinn muss undoen, sollt d'Mask vun engem Client als net appropriéiert ugesi ginn. Och fir d'Sëtzplaze gouf e Konzept ausgeschafft, fir z.B. Famillje beieneen ze setzen a vun anere Passagéier wa méiglech ze trennen.

De Service fir Iessen an Drénken ass och esou adaptéiert ginn, dass et zu esou mann wéi méiglech Kontakt tëscht Passagéier a Crew kënnt. An och soss ass de Service u Bord erofgefuer ginn, Këssen an Decke ginn et keng méi, Zeitungen och net an och op speziell Menüe muss ee verzichten.

An um Enn gouf d'Crew natierlech op déi nei Aufgaben a Prozedure virbereet fir sech selwer an d'Passagéier esou gutt wéi méiglech ze schützen.