Restauranten a Caféen dierfen hir Dieren erëm all opmaachen. Ma dofir mussen eng ganz Rëtsch Reegele vum Personal a vun de Cliente befollegt ginn.

Vun de Freideg un dierfe Restauranten a Caféen och dobanne Clienten empfänken.

Dat awer ënnert verschiddene Konditiounen. Ënner anerem muss annerhallwe Meter Distanz oder eng Trennwand tëscht den Dëscher sinn, dorop dierfen nëmme 4 Persoune sëtzen, ausser et handelt sech ëm Persounen aus deem selwechte Stot.

D'Personal muss permanent eng Mask unhunn, d'Clienten nëmmen, wann se sech duerch de Raum beweegen. Et muss ee sech sëtzen, dat och am Café.

An deem Sënn huet d'Horesca och de Label „Safe to Serve“ gegrënnt, deen de Cliente soll weisen, dass e Betrib all dës Mesuren ëmgesat huet. De Mëttelstandsminister Lex Delles huet sech deementspriechend zouversiichtlech gewisen.

De Minister Lex Delles:

Nieft de Caféen a Restaurante sinn zanter nach eng Partie aner Aktivitéiten erlaabt. Dëst z.B. fir Rassemblementer am Kader vun Zeremonien, wéi Bestietnisser a Begriefnisser. Och d'Kinoen dierfen erëm opgoen, dat selwecht fir Theateren a Concertssäll. Do muss awer eng fest Sëtzuerdnung sinn. Donieft ginn och Fitnesszenteren erëm op.