Am Mäerz an am Abrëll war ronn een Drëttel vun de Salariéen am Chômage partiell.

Déi aktuell Kris vum Coronavirus huet däitlech Auswierkungen op de Chômage an d'Zuele vun den Aarbechtslosen zu Lëtzebuerg. Dat geet aus engem aktuelle Rapport vum Statec ervir. Am Abrëll louch den Taux vum Chômage hei am Land bei 6,9 Prozent. Am Februar louch dësen nach bei 5,5 Prozent. Eleng am Mäerz ass d'Zuel vun de Leit ouni Aarbecht ëm 12 Prozent geklommen. Dem Statec no, kéint dës staark Hausse virun allem mat der Fermeture vun de Chantieren an den negativen Auswierkungen déi d'Kris op d'Aarbechtssituatioun vun den Interimairen hat, erkläert ginn. En Deel vun der Hausse kéint och duerch déi exzeptionell Verlängerung vun den Indemnitéite wéinst der Coronankris erkläert ginn. Och am Abrëll ass d'Zuel vun de Leit déi keng Aarbecht hate weider geklommen. Dëst ëm 14 Prozent.

Dem Statec no, kéint een den Impakt vun der Kris och däitlech un den Zuele vun de Leit erkennen déi am Chômage partiell sinn. Am Mäerz an am Abrëll wier ronn een Drëttel vun de Salariéen am Chômage partiell gewiescht. Wärend der Wirtschaftskris am Joer 2009 ware grad eemol 3,4 Prozent vun dëser Mesure betraff.

De Statec geet dovun aus, dass d'Mesuren déi vun der Regierung geholl goufe fir Aarbechtsplazen ze erhalen dozou féiere wäerten, dass d'Zuel vun den Aarbechtsplazen zu Lëtzebuerg och dëst a nächst Joer klamme wäert. Fir 2020 geet ee vun engem Plus vu 0,8 Prozent a fir 2021 vun engem Plus vun engem Prozent bei den Aarbechtsplazen aus. 2019 gouf et hei nach eng Hausse vun 3,6 Prozent.