Vu Juli u wäerten d'Betriber de Chômage partiel iwwerdeems iwwert eng vereinfacht Prozedur ufroe kënnen.

D'Betriber aus dem HORESCA-Secteur wäerten och an de nächste Méint op de Chômage partiel zeréck gräife kënnen, wann et néideg ass. Dat äntwert den Aarbechtsminister Dan Kersch op deng parlamentaresch Fro vum CSV-Deputéierte Marc Spautz.

D'Betriber déi dorop ugewisen si wäerten och am Juni nach Avance kréien. Vum Juli u wäerten dës Betriber iwwerdeems de Chômage partiel iwwert eng vereinfacht Prozedur ufroe kënnen.

Donieft stellt de Minister nach eng Kéier kloer, dass d'Betriber aus dem Secteur och vun den Hëllefen aus dem Solidaritéitsfong fir Entreprisë profitéiere kënnen.