Den nationalen Energie- a Klimaplang soll de strategesche Kader fir d'Mesuren déi am Kader vu "Neistart Lëtzebuerg" geholl gi bilden.

E Freideg hunn d'Ministesch fir d'Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung Carole Dieschbourg an den Energieminister Claude Turmes op enger Pressekonferenz Detailer zum Nationale Klimaplang (PNEC) ginn an eng nei Campagne presentéiert.

Et wëll een ewech vu fossille Brennstoffer. Esou ginn d'Hëllefe vum Staat ëm 50% op déi existent Primme bei der Berodung erhéicht. Bis zu 3.300 Euro kann een also fir eng Energieberodung kréien, bei der Sanéierung souguer bis zu 30.000 Euro, also och 50% méi. Wie vu Gas op Ueleg wiesselt, kann och vun enger Hausse bei den Aidë profitéieren.

D'Moossname gëlle fir Aarbechten, déi bis den 31. Mäerz 2021 ugefrot,respektiv an Optrag ginn. "Et war nach ni sou attraktiv, säin Haus nohalteg ze renovéieren an ze sanéieren", esou den Energieminister Claude Turmes virun der Press. Lëtzebuerg zielt iwwerdeems 250.000 Wunnunitéiten, 200.000 dovunner komme fir esou eng Sanéierung oder Renovatioun a Fro.

D'Campagne verfollegt d'Zil, datt d'Bierger op en nohaltege Wee ginn, fir déi eege véier Wänn ze sanéieren an ze renovéieren. Esou wéilt een zu engem effiziente Klimaschutz bäidroen, wéi d'Ministesch Dieschbourg an de Minister Turmes weider erkläert hunn. Op myenergy.lu fënnt een all néiden Informatiounen, eng Ufro kann een op myguichet.lu maachen.