Bei de Visitte wäert d'Droe vun enger Mask an deenen zwee Spideeler obligatoresch sinn.

Zënter e Freiden erlaabt och de Centre Hospitalier Emile Mayrisch zu Esch a Nidderkuer nees Visitte bei de Patienten. Dat huet de Centre Hospitalier an engem Communiqué matgedeelt. Dës wäerten all Dag vu 14h30 bis 20h00 méiglech sinn. Bei Patienten déi net mam Coronavirus infizéiert sinn ass d'Visitt op eng Persoun pro Patient limitéiert.

Bei Corona-Patiente läit d'Limitt bei engem Visiteur pro Zëmmer. Eng Ausnam gëtt et fir Kanner ënner 14 Joer. Si mussen a béide Fäll vun engem Erwuessene begleet ginn. Persounen déi op d'Hëllef vun aneren ugewise sinn, dierfe vun enger Persoun begleet ginn, wann si e Patient dee net mam Coronavirus infizéiert ass, besichen.

D'Droe vun enger Mask wäert an deenen zwee Spideeler obligatoresch sinn.