E Freideg géint 5 Auer koum et op der A3 Richtung Stad zu engem schwéieren Accident.

Eng 100 bis 150 Meter virun der Sortie Gaasperech/Hesper gouf eng Foussgängerin vun engem Camion erfaasst a liewensgeféierlech blesséiert. Éischten Informatiounen no war d'Fra vum Rond-point aus zu Fouss op der Pannespuer ënnerwee. Si gouf direkt op der Plaz versuergt a gouf dunn an d'Klinik bruecht.

De Camionschauffer stoung ënner Schock a koum och an d'Spidol. Fir den Oflaf vum Accident ze klären, ass eng Enquête an d'Weeër geleet ginn. D'Plaz huet wéinst der Spueresécherung gespaart ginn, wat zu gréissere Problemer am Beruffsverkéier gefouert huet.