Wéi déi éisträichesch Regierung matgedeelt huet, ginn et a Punkto Maskeflicht vum 15. Juni u Lackerungen.

Vum 15. Juni u gëtt d'Maskeflicht an Éisträich gelackert. An Zukunft muss e seng Nues a säi Mond just nach bedecken, wann een am ëffentlechen Transport, an den Apdikten oder bei Servicer, bei deenen ee keen Ofstand kann hale wéi beim Coiffeur ass.

Am Handel, an der Schoul an och an der Gastronomie muss ee keng Mask méi unhunn. Bei gréissere Rassemblementer gëtt et recommandéiert. An der Gastronomie dierfen d'Betriber dann och bis 1 Auer moies ophunn, bis ewell louch d'Limitt bei 23 Auer.

Éisträich wëll nieft dem Opmaache vun de Grenzen zu verschidden Nopeschlänner och d'Réckrees ouni musse 14 Deeg a Quarantaine ze goen ophiewen. Dat gëllt fir déi Länner, mat deene bis dohinner entspriechend Decisioune festgehale goufen. E Mëttwoch géif een heiriwwer mat anere Ministere schwätzen an iwwert d'Léisungen informéieren.