Bis ewell waren d'Plagë ronderëm de Stau zou, elo fir de Päischtweekend gi se nees op.

Wéi et an engem gemeinsame Communiqué vun den zoustännege Gemengen dëse Freideg heescht, dierf ee vun dësem Samschdeg un nees op d'Plagë ronderëm de Stauséi. Et gëtt awer betount, datt wéinst den aktuelle Covid-19-Moossnamen den Accès op verschidde Plaze limitéiert bleift. D'Plagë ginn e Samschdeg ëm 9 Auer nees op.

Och zu Rëmerschen ginn d'Baggerweieren dëse Samschdeg nees op, dat vun 10 bis 18 Auer.