Zënter dem Dout vum George Floyd kënnt et zu Minneapolis an den USA zu Protester. E Freideg gouf e CNN-Reporter festgeholl.

Obwuel den Omar Jimenez sech als Reporter vun der Tëleeschaîne CNN ausgewisen huet, gouf hien e Freideg matzen an enger Live-Iwwerdroung zu Minneapolis an den USA festgeholl. Hien a weider Mataarbechter vu CNN kruten Handschellen ugeluecht a goufe matgeholl.

Wärend deems ass d'Kamera vun der Ekipp weider gelaf.

Kuerz drop goufe se nees op fräie Fouss gelooss. Dem Reporter no hätten d'Beamte just hir Aarbecht gemaach, de Gouverneur vum Bundesstaat Minnesota huet sech awer entschëllegt.

Dës Woch koum de 46-järege George Floyd bei engem Policeasaz ëm d'Liewen. Wéi een op Videoe gesäit gouf hien duerch e Polizist op de Buedem gedréckt. Am Video ass ëmmer nees ze héiere wéi hie seet "i can't breathe". 4 Beamte goufen entlooss an et gouf eng Enquête an d'Weeër geleet.