Am Fall vun engem positiven Testresultat wäert déi betraffe Persoun isoléiert an hir Kontakter zu Lëtzebuerg wäerten zeréckverfollegt ginn.

Nodeems de Passagéierfluchhafen um Findel nees de Betrib opgeholl huet, sollen d'Passagéier déi um Fluchhafe landen am Kader vun engem Pilotprojet op de Coronavirus getest ginn. Dat geet aus engem gemeinsame Communiqué vum Mobilitéitsministère, der Direktioun vun der Santé an der Bedreiwergesellschaft vum Fluchhafen "lux-Airport" ervir.

Am Kader vun dësem Projet, wäerten d'Passagéier déi um Findel landen e Bong kréie, mat deem si sech an engem Laboratoire vun hirem Choix op de Virus kënnen teste loossen. Alternativ dozou huet "lux-Airport" um Fluchhafe selwer eng provisoresch Test-Statioun installéiert. An dëser wäerten d'Passagéier déi um Findel gelant si sech direkt um Fluchhafe kënnen teste loossen.

Bei engem positive Resultat gëtt déi betraffe Persoun isoléiert an hir Kontakter zu Lëtzebuerg ginn zeréckverfollegt. D'Autoritéite vum Land aus deem d'Persoun kënnt wäerten och iwwert dat positiivt Resultat informéiert ginn.
De Projet, deen am Kader vun der nationaler Strategie fir op de Coronavirus ze teste lancéiert gouf, ass de Freiden ugelaf a soll an enger éischter Phas ee Mount laang daueren.

Liest hei de Communiqué mat den Detailer:

Projet-pilote de testing COVID-19 à l’aéroport de Luxembourg (29.05.2020)
Communiqué par: ministère de la Mobilité et des Travaux publics / direction de la Santé / lux-Airport

Dans le cadre de la reprise des activités «voyageurs» de l’aéroport et dans le contexte de la stratégie nationale de dépistage, le gouvernement luxembourgeois, en collaboration avec lux-Airport, lance un projet-pilote visant à tester les passagers de vols atterrissant à l’aéroport de Luxembourg. 

Toute personne arrivant au Luxembourg par voie aérienne recevra un voucher valable pour plusieurs jours pour se faire tester dans un laboratoire d’analyses médicales de son choix. 

En alternative, une station de test que lux-Aiport a installée dans l’aérogare, permet au passagers en provenance d’autres aéroports, de se faire tester directement sur place. C'est l'une des nombreuses mesures que lux-Airport a prises dans le cadre de la réouverture du transport aérien de passagers.

Les personnes testées recevront leur résultat et, en cas de résultat positif, la procédure habituelle de mise en isolement est appliquée, ainsi qu’un traçage des contacts au Luxembourg. Les autorités du pays de résidence de la personne dépistée sont également informées d’un résultat positif. 

Le projet-pilote débute vendredi, le 29 mai 2020, pour une durée initiale d’un mois, afin d’évaluer l’opportunité d’élargir le testing à d’autres «portes d’entrée» du pays.