De Polizist hat dem George Floyd säin Hals bei enger Festnam mam Knéi op de Buedem gedréckt.  

4 Deeg nodeems an den USA den Afroamerikaner George Floyd bei enger Festnam gestuerwen ass, gouf ee vun de Polizisten déi un der Festnam bedeelegt waren um Freiden Owend festgeholl. Dësen hat dem Floyd säin Hals wärend der Festnam mam Knéi op de Buedem gedréckt an och net domadder opgehalen ewéi de Floyd behaapt huet, dass hie keng Loft méi kréie géif. Iwwerdeems ass et nom Floyd sengem Doud och um Freiden nees an enger Partie amerikanesche Stied zu Demonstratioune komm. Ënnert anerem hunn honnerte Mënschen zu Washington virum wäissen Haus demonstréiert. Hei konnten d'Ugestallter déi am Amtssëtz vum amerikanesche President schaffen dëse kuerzzäiteg net verloossen.