Bei enger Kläpperei an der Staat ass eng Persoun vun enger metallener Staang getraff ginn. Weiderhi sinn 2 Accidenter mat Alkoholafloss gemellt ginn.

Um 2h30 koum et an der Avenue de la Liberté an der Staat zu enger Kläpperei tëscht 6 Persounen. Eng Persoun huet mat enger metallener Staang op eng aner Persoun ageschloen. Dës Persoun gouf schwéier blesséiert. De presuméierten Täter huet versicht ze flüchten, konnt awer vun der Police festgeholl ginn. Hie kënnt e Samschdeg virun den Untersuchungsriichter.

Weiderhi mëllt d'Police 2 Accidenter wou Alkohol am Spill war. En Donneschdeg Owend koum et zu Schëffleng zu engem Accident bei dem e Motocyclist liicht blesséiert ginn ass. Hei war den Alkoholtest positiv. Et gouf e Protokoll an de Führerschäin ass op der Platz agezu ginn. Zu Leideleng sinn e Freideg géint 22 Auer zwee Autoen anenee gerannt. Hei ass et bei Materialschued bliwwen. Ee vun de Chauffere krut wéinst ze vill Alkohol am Blutt e Protokoll.