Och 6 Deeg nom Doud vum Afroamerikaner George Floyd duerch e wäisse Polizist ginn d'Protester weider. Och e Sonndeg koum et zu Ausernanersetzungen.

A ronn 30 Stied an den USA randaléieren d'Demonstranten a setze Gefierer a Brand.

Zu Jacksonville gouf e Polizist schwéier blesséiert. En Demonstrant huet mat engem Messer engem Polizist hannen an den Hals gestach.

Zu Indianapolis koum et zu enger Schéisserei, bei där eng Persoun gestuerwen ass.

De Gouverneur vu Minneapolis, Tim Walz, huet ugekënnegt, d'Nationalgarde anzesetzen fir géint d'Onroue virzegoen. E Sonndeg ware ronn 5000 Zaldote vun der Nationalgarde bei den Demonstratiounen zu Minnesota dobäi.

Och e Sonndeg koum et nees zu Ausernanersetzungen. Zu Washington hunn Demonstranten an der Géigend vum Kapitol e puer Feier ugefaangen. Och zu New York an zu Miami goufen et gréisser Demonstratiounen.

An enger Dose Stied goufen Ausgangsspäre verhaangen. Ënnert anerem och zu Los Angeles, wou och den Noutstand ausgeruff ginn ass.

Ausléiser fir Demonstratiounen ass den Doud vum Afroamerikaner George Floyd. An engem Video ass ze gesinn, wei en wäisse Polizist bal 1 Minutt mat sengem Knéi dem George Floyd den Hals zerdréckt.