Op der A3 a Richtung Stad krut e Freideg de Mueren ee Camion eng Foussgängerin ze paken. Dës huet d'Accident net iwwerlieft.

E Freideg de Muere géint 05h00 gouf et e schwéiert Accident op der A3 a Richtung Stad, eng 100 bis 150 Meter vun der Sortie Gaasperech/Hesper ewech. Ee Camion krut eng Foussgängerin ze paken. D'Foussgängerin gouf liewensgeféierlech blesséiert. Wéi d'Police um Sonndeg de Mëtte matdeelt, ass d'Fra am Spidol un hiren uerge Blessure gestuerwen.