An der Nuecht op e Sonndeg gouf der Police eng opfälleg Grupp vu 4 Persounen zu Esch an der Brillstrooss gemellt.

Si ware géint hallwer 1 nuets zu véier am Gaang sech ze streiden, wéi d'Polizisten op d'Plaz koumen. Wéi dës de Sträit schlichte wollten, hunn sech d'alkoholiséiert Persounen onkooperativ gewisen, a wollten hir Identitéitskaart net weisen. Nodeems eng vun hinnen duerch hiert aggressiivt Verhale geféierlech gouf, sollt si an de Passagearrest matgeholl ginn. Doropshin hat si d'Polizisten ugespaut, menacéiert, a kierperlech ugegraff. Si konnt duerch policetechnesch Grëff immobiliséiert ginn.

3 Persoune koumen a Passagearrest, an et gouf e Protokoll wéinst Rebellioun.

Weider mellt d'Police 2 Persounen, déi wéinst Alkohol um Steier ugehale goufen.

Um Samschdeg gouf der Police kuerz no 22 Auer zu Réimech ee Chauffeur gemellt, deen opfälleg ënnerwee war. Den Alkoholtest war positiv, den Auto gouf immobiliséiert an et gouf e Fuerverbuet.

Och zu Monnerech hat um Samschdegowend géint 22 Auer eng Persoun de Führerschäi wéinst Fueren ënnert Alkoholafloss missen ofginn. Et gouf e Protokoll.