No 20 Stonne Fluch sinn d' Astronauten un der internationaler Raumstatioun ISS ukomm.

Dëst hat d'Nasa um Sonndeg matgedeelt. D'Manöver ass ouni weider Problemer verlaf, an et wier een dozou bereet gewiescht, manuell d'Kontroll ze iwwerhuelen. D'Astronaute Behnken an Hurley sollen elo ronn ee Mount u Bord vun der ISS bleiwen an do mat Kolleegen a russesche Kosmonaute schaffen. 
Um Samschdeg war d'SpaceX-Raumkapsel "Crew Dragon" mat enger Falcon 9-Rakéit vu Cape Canaveral aus gestart.

Et war déi éischte Kéier zanter 9 Joer, dass sech Astronauten aus den USA bis bei d'ISS op de Wee gemaach hunn.